Déi nächst offiziell Tester
sinn de 16/10/2010

Du bass hei: Mensa > Site > IQ Test


Firwat en Online Test? Regelen
Dësen Online Test geet net duer, fir bei Mensa ugeholl ze ginn. Et kann een en awer maache fir ze kucken, op ee sech iwwerhaapt fir de Mensa Test selwer eegent. Dat ass ganz praktesch, well den Online Test ass gratis. Dir kënnt den Test direkt online maachen, oder Dir kënnt en doheem erausprinten (Versioun pdf) an u Mensa schécken:

Mensa Luxembourg
167, route de Trèves
L-2630 Luxembourg/Cents

Dir kënnt Iech awer och online fir de nächsten offiziellen IQ Test umellen:
aschreiwen
Wann Dir den Test maacht, dann haalt Iech w.e.g. un d'Regelen. Et huet kee Wäert ze fuddelen, Dir kritt souwisou kee Resultat matgedeelt. Mir soen Iech nëmme Bescheed op Dir Iech fir de Mensa Test eegent oder net. Hei sinn d'Regelen:
  • Dësen Test soll een an 20 Minutte maachen
  • Et muss een eleng schaffen
  • Et soll een den Test nëmmen eng Kéier maachen
Den interaktiven Test Den Test als pdf Dokument
Déi einfachste Method un de Pre-Test ze kommen ass iwwer den Internet. Et kann een den Test als pdf Dokument eroflueden oder direkt online op eisem Site maachen. Hei geet et bei de pdf Online Test.
Hei kënnt Dir den Test direkt online maachen, Dir kritt och direkt Äert Resultat! Wann Dir mindestens 20 richteg äntwerten hutt, da schéckt eis Är Resultater per Kontaktformular.

De Pre-Test kann een och als pdf (Portable Document Format) Datei eroflueden an dann erausprinten.
IQ Test als pdf eroflueden
Wat maache mat de Resultater?
Wann Dir den Test als pdf Dokument erofgelueden an ausgefëllt hutt da schéckt en un:

Mensa Luxembourg
167, route de Trèves
L-2630 Luxembourg/Cents

Wann Dir den Test online gemaach hutt oder Iech direkt fir e richtegen Test umelle wëllt, da kënnt Dir hei dat hei maachen:
online aschreiwen.




All contents ©2001-2010: Mensa Luxembourg www.mensa.lu | Contact the webmaster

The Mensa Mblem logo is a registered trademark of International Mensa Limited, all rights reserved. Mensa does not hold any opinion or have, or express, any political or religious views.Powered by CorneliOS software solutions